Frësch Bio-Mëllech


Dir kënnt bei eis um Haff frësch Bio-Mëllech kafen.

 

Mëllech direkt vun der Kou op den Dësch:

Ideal fir direkt sou ze genéissen, an de Goût vu frëscher wäertvoller Mëllech ze schmaachen.
Oder fir weiderzeverschaffen zu Jogurt, Kéis, Ram, Botter...
Eise MilKUHmat steet 7 Deeg op 7 a 24 Stonnen op 24 fir Iech bereet. De MilKUHmat ass eise Mëllechapparat, deen an eiser Mëllechkummer direkt um Mëllechtank festgemaach ass.
Hei kënnt dir iech selwer är Mëllech zapen. Einfach Mënz ageheien an d'Mëllech an eng Fläsch zapen.
Fläschen kënnt dir vun doheem matbrëngen, oder bei eis um Haff kafen. Dës Fläschen sinn extra fir de Mëllechgebrauch geduecht a sinn och spullmaschinefest.


Frësch Bio-Eeër


 

 

 

Dir kritt bei eis och frësch Bio-Eeër ze kafen. D'Eeër komme vum Naturhaff vun Déierbech.

Mir ginn ëmmer mëttwochs beliwwert, sou datt Dir ëmmer vun engem ganz frësche Produkt profitéiere kënnt.