Ferme pédagogique · 06. Juni 2019
Dir wëllt mat ärer Schoulklass bei eis op den Haff kommen? Mat äre Kanner e Biomëllech-Betrib mat alle Sënner erliewen an entdecken? Dir wëllt eng Visite oder souguer 4 Visiten passend zu de 4 Joreszäiten? Da kënnt dir iech ab elo fir d'Schouljoer 2019/2020 umellen. Weider Detailer fannt dir ënnert

Eis Déieren · 03. Juni 2019
Eis Kéi an eise Stéier ersetzen de Moment eise Méitrakter, deen en panne ass, ronderëm d'Haus. Sou dierfen si um wee vun hierer Weed zréck an de Stall nach eng Snackpaus op eiser Wiss maachen. Ganz praktesch, an d'Wiss gëtt och nach direkt op natiirlech Art a Weis gedüngt:-)

Verkaf um Haff · 01. Juni 2019
Um Weltmëllechdag (1. Juni) huet eis Biomëllech-Tankstell hiere 6. Gebuertsdag gefeiert. Eise MilKuhMat war déi éischt offiziell unerkannte Mëllechtankstell hei am Land. Zanter hier kënnen eis Clienten 24/24h bei eis an der Mëllechkummer selwer frësch Biomëllech zapen.