Dat si mir


Ech sinn de Pierre Witry.

Ech hu meng Studien an der Ackerbauschoul zu Ettelbréck gemaach.

 

2000 ass eisen Haff aus dem Zentrum vun Dippech op déi aktuell Plaz an der "Sauer Aarbecht" ausgesiedelt ginn. Vun deem Zäitpunkt hun ech och den Haff iwwerholl.

 

2004 hun ech ugefaang mäi Betrib op Bio ëmzestellen, e wichtege Schratt, wëll fir mech meng Kéi an hiert Wuelsinn op éischter Plaz stinn. Net manner wichteg war an ass fir mech awer och de Naturschutz an de Wonsch, am Aklang mat der Natur ze schaffen. 2006 war d'Ëmstellungs-Phase ofgeschloss.

 


Ech sinn d'Caroline Massard.

Ech si Léierin vu Beruff. Zënter 2012 hëllefen ech aktiv a menger Fräizäit um Haff mat.

 

Mir ass ët wichteg, dass d'Déieren bei eis um Haff respektéiert ginn an e gudd Liewen hunn. D'Aarbecht um Haff, op de Felder a virun allem d'Aarbecht mat eise Kéi ass fir mech zu enger wäertvoller Aufgab ginn.

 

Als Pedagogin weess ech, wéi wichteg et ass, Grouss a Kleng den Zougank zu engem Bauerenhaff an zum Beruf "Bauer" z'erméiglechen an ze weisen, wou e gudden Deel vun eise Liewensmëttel hierkënnt.

 


Ech sinn d'Pippa. Ech wunnen zanter dem Summer 2017 mat hei um Haff. Mäi gréissten Hobby ass mam Ball spillen.

 

Fir de Moment ass den Haff fir mech nach eng riseg Spillplaz an et gëtt nach all Dag Neies fir mech z'entdecken.

Ech ginn awer schons mat an d'Wisen, respektiv och mat an de Melkstand fir ze léieren mat de Kéi eens ze ginn. Dat ass ëmmer rëm spannend fir mech an ech freeë mech well wann ech bis richteg um Haff matschaffe kann.

Beim Fidderen vun de Källefecher passen ech extra gutt op, well do fällt da mol heinsdo eng Schlupp Mëllech fir mech of.

 

Ech begréissen och ganz gaeren d'Kanner déi bei eis op den Haff kommen an och d'Clienten, déi Mëllech kafe kommen.

 

 


Erënnerung un eist Patty. Altersbedingt huet d'Patty eis am Summer 2017 verlooss.

 

Ech sinn d'Patty. Ech sinn zënter bal 14 Joer mat um Haff.

 

Am Summer dräiwen ech d'Kéi vun de Weeden an de Stall. Dat mëscht mir richteg Spaass. Um Haff selwer hëllefen ech moies an owes, d'Kéi an de Melkstand ze kréien. Heinsdo hunn ech awer och well Alters-Congé ;-)

 

Mä och wann ech schon al sinn, kontrolléieren ech awer nach ëmmer gären alles um Haff, kucken, ob alles klappt a begleede meng Meeschtere gär bei den Aarbechten op de Weeden oder Felder.

 

A beim Fiddere vun de Källefcher sinn ech och ëmmer gär derbäi, well do fällt ëmmer mol rëm déi eng oder aner Schlupp gudd frësch Mëllech fir mech of :-)