De Wee vun der Mëllech: vun der Kou bis zum Botter


D'Kanner entdecken op spannend Art a Weis de Wee vun der Mëllech a gi mat Sträichen (nëmme bei enger Visite moies). 

 

Si léieren eis Kaalwer, Ranner a Kéi kennen a léieren an engems eppes iwwert den aartgerechten Ëmgang mat de Kéi; si entdecken, datt d'Kou e virwëtzegt Déier ass a seng eege Kierpersprooch huet. D'Kanner kënnen d'Kéi heemelen, fidderen an observéieren.

 

Nodeems d'Kanner de Wee vun der Mëllech um Haff entdeckt hun, bidde mir eng Rei pädagogesch Aktivitéite ronderëm d'Produkt "Mëllech" un. Den Haaptakzent leeë mir heibäi op dat Praktëscht. D'Kanner sollen d'Méiglechkeet hunn d'Produkt Mëllech ze manipuléieren, z.Bsp. Botter maachen, oder feststellen wat mat der Mëllech geschitt, wa se e puer Stonnen steet, etc

 

Mir garantéieren e gudde Mix vu Wëssen, Manipuléieren an Experimentéieren,  Spillen an Auszäit. D'Kanner sollen hire Besuch bei eis mat alle Sënner erliewen a genéissen: kucken, taaschten, richen, schmaachen.

 

Wann Dir intresséiert sidd, gi mir Iech gäre méi detailléiert Informatiounen iwwer d'Thema Mëllech a maachen Iech gären eng Offer fir Är Visite bei eis um Haff.

 

Fir weider Informatiounen kënnt Dir eis iwwert den Telefon 621 236 007 kontaktéieren oder direkt iwwert de Kontaktformular op dëser Säit.

 

 

INFO

Eis Mëllech geet an d'Biog-Molkerei zu Käerjeng a gëtt do entweder a Fläschen ofgefëllt oder zu Schokelasmëllech, Joghurt, Glace oder Rahm weiderverschafft.