Vum Kar zum Brout


D'Kanner entdecken op spannend Art a Weis de Wee vum Kar zum Miel/Brout/Müsli.

 

Si léieren eis Kaalwer, Ranner a Kéi kennen a léieren an engems eppes iwwert den aartgerechten Ëmgang mat de Kéi; si entdecken, datt d'Kou e virwëtzegt Déier ass a seng eege Kierpersprooch huet. D'Kanner kënnen d'Kéi heemelen, fidderen an observéieren.

 

Nodeems d'Kanner eis Déiere kenne geléiert hun, kucke si méi genau wat d'Kéi dann do vu Gemiels z'iesse kréien. Wat ass do alles dran?

 

Si ginn op d'Sich no de ganze Kären a bestëmmen dann wat fir eng Kären et sinn. Mir kucken d'Ënnerscheeder vun de Planzen. Wéi ënnerscheeden ech e Weessfeld, vun engem Huefer- oder Karfeld?

Duerno steet dann selwer Kären manipuléieren um Programm: Käre selwer zu Miel muelen fir Brout ze maachen oder quetschen fir e gudde gesonde Müsli ze maachen.

 

Mir garantéieren e gudde Mix vu Wëssen, Manipuléieren an Experimentéieren,  Spillen an Auszäit. D'Kanner sollen hire Besuch bei eis mat alle Sënner erliewen a genéissen: kucken, taaschten, richen, schmaachen.

 

Wann Dir intresséiert sidd, gi mir Iech gäre méi detailléiert Informatiounen iwwer d'Thema Kar a maachen Iech gären eng Offer fir Är Visite bei eis um Haff.

 

Fir weider Informatiounen kënnt Dir eis iwwert den Telefon 621 236 007 kontaktéieren oder direkt iwwert de Kontaktformular op dëser Säit.