4 Joreszäiten um Haff


All Klass vum Précoce bis de Cycle 4.2 aus der Garnecher Schoul kënnt ofwiesselnd méindes moies op den Haff. D’Klassen hëllefe bei den Aarbechten, wéi Kéi sträichen, Kaalwer fidderen, Kéi fidderen. Sie entdecken mat alle Sënner eisen Haff duurch déi véier Joreszaïten.

 

All Besuch um Haff steet ënnert engem aneren Thema an d'Kanner léiere spannend Saachen. Beim éischte Besuch entdecke si de Wee vun der Mëllech an maache selwer Botter, dee selbstverständlech och geschmaacht gëtt.

 

Mir hunn fir d'Schoulklassen e Stéck op engem Feld ofgestach. Dat ass de Kanner hiert Feld a si mussen dann och ëmmer nom Feld kucken, ob do nach ëmmer alles an der Rei ass, op de Weess gewuess ass, ...

 

Fir dass ëmmer all Klass, all Kanner wësse wat um Haff geschitt ass, wat et Neies gëtt, schreiwe si dann an der Schoul reegelméisseg Noriichten-Artikelen iwwert den Haff a ginn dann en Haffblat eraus. Fir dass d'Haffblat och illustréiert ass, maachen d'Kanner während hirem Besuch um Haff selwer Fotoen, déi si dann mat an hir Artikelen verschaffen. Dëst Haffblat kënnt Dir Iech och hei op eiser Haffsäit ukucken.

 

Sou léieren d'Kanner nieft der spannender Welt um Bauerenhaff och nach Texter um Computer ze schreiwen, wéi een Iwwerschrëften faarweg maache kann, Fotoen asetzen kann an nach ganz vill aner Saachen.

 

Mir freeën eis mat de Schoulkanner op e spannend Joer um Haff!