Kannergebuertsdag (4-10 Joer)


De Moment si mir bis Mëtt Dezember 2019 ausgebucht. D’Samsdeger si bis Januar 2020 ausgebucht.


Äert Kand ass begeeschtert vun Déieren a spillt gären dobaussen an der frëscher Loft?

Dann ass e Kannergebuertsdag bei eis um Haff genau dat Richtegt fir Äert Kand.

 

Wat gëtt gemaach?

D'Kanner maachen sech all zesummen mam Mimi (eisem Haffmaskottchen) op eng spannend Schatzsuche, wou si eng Rei Haff-Aarbechten* a Rätsele léise mussen.

Nëmmen zesumme kënne si dee grouses Schatz fannen...

 

*Kaalwer fidderen, mat de Kannertrakteren de Silo oder d'Hee bei de Ranner verdeelen, d'Lissi sträichen, Ieselen fiddere goen, ...

 

Deeg an Auerzäiten?

Während de Schoulzäiten kann dënschdes, donneschdes oder samsdes mëttes gefeiert ginn.

D'Wanterméint (Oktober-März) sinn d'Auerzeiten vun 14.00-16.30 Auer an d'Summerméint (Abrëll-September) vun 14.30-17.00 Auer.

Sonndes bidde mir keng Aktivitéiten un. Do gënne mer eis an eisen Déieren e Roudag.

 

Präis?

De Präis fir e Kannergebuertsdag fir e Grupp bis zu 10 Kanner ass 220€

Ab dem 11. Kand verrechne mir e Supplément vun 20€ pro weidert Kand. (maximal 14 Kanner).

Als Optioun kënnt Dir och eng Kou-Pinata bestellen.

 

Am Präis abegraff sinn:

  • sämtlech Aktivitéiten
  • Telleren, Becheren, Forchetten an Zervéiten
  • Gedrénks (Haffmëllech, Bio-Viz, Waasser)
  • Gadgeten aus der Schatzkëscht (Kou-Schlësselunhänger fir all Kand, Petzi-Kou fir d'Gebuertsdagskand, Bio-Séissegkeeten fir all Kand)

De Kuch gëtt net gestallt. Fir dass de Kuch dem Geschmaach vum Kand entsprëcht, brëngen d'Elteren de Kuch mat.

 

Wat ass nach Wichteg?

D'Kanner sollen dem Wieder entspriechend ugedoe sinn. De Gebuertsdag ka bei all Wieder stattfannen. Déi greisesten Deel vun der Zäit si mir am Kaalwerstall, respektiv beim Stall von de Kéi/Ranner, wou mir von engem Daach geschützt sinn.

De Kuch gëtt an eisem Klassecontainer giess.

 

Sidd Dir intresséiert oder hudd nach weider Froen? Dann zéckt net eis ze kontaktéieren iwwert Mail un caroline.massard@biohaff-witry.lu