Eis Haffwiichtelecher


Hei fannt dir eis Haffwiichtelecher, déi iech mat um Haff begleeden.

Si suergen dervir, dass dir flott a spannend Momenter hei um Haff verbrënge kënnt a gidd mat hinnen op Entdeckungsrees:

  • léiert eis Déiere kënnen
  • fiddert an heemelt eis Déieren
  • sträicht d'Kéi
  • gidd mat de Kéi op d'Weed
  • maacht Botter
  • quetscht Kären
  • muelt Miel
  • bakt Stackbrout
  • gidd op d'Sich nom grousse Schatz
  • lauschtert Geschichten no

Mat eisen Haffwiichtelecher si Spaass a Spannung garantéiert.

 

Klickt einfach op d'Foto oder d'Bild vum Haffwiichtel fir méi Informatiounen ze liesen. (demnächst 😊)

 

 

Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti
Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti