De Bauerenhaff an de 4 Joreszäiten


De Bauerenhaff  an de 4 Joreszäiten entdecken.

 

D'Kanner komme wéinstens 4x an engem Joer op de Bauerenhaff.

Fir Schoulklassen zitt dat Thema sech entweder iwwert e ganze Cycle oder ee Schouljoer.

 

Wat ännert sech an de Joreszäiten an der Natur? Wat ass typesch fir eng Joreszäit? Wat bedéit dat fir de Bauer, fir seng Déieren?

 

Zu all Joreszäit bidde mir passend Aktivitéiten un (Botter maachen, de Kéi hier "Better" am Stall gemiddlech maachen, Müsli maachen, d'Kéi op d'Weed begleeden, Frëschkéis mat eegene Kräider,...)

 

Mir garantéieren e gudde Mix vu Wëssen, Manipuléieren an Experimentéieren,  Spillen an Auszäit. D'Kanner sollen hire Besuch bei eis mat alle Sënner erliewen a genéissen: kucken, taaschten, richen, schmaachen.

 

Wann Dir intresséiert sidd, gi mir Iech gäre méi detailléiert Informatiounen iwwer d'Thema a maachen Iech gären eng Offer fir Är Visite bei eis um Haff.

 

Fir weider Informatiounen kënnt Dir eis iwwert den Telefon 621 236 007 kontaktéieren oder direkt iwwert de Kontaktformular op dëser Säit.