Ferme pédagogique MUHlti-KUHlti




"Wir sind eine Schule, die keine Schule ist, wie man sie kennt!
Das Schulgebäude ist die freie Natur, das Klassenzimmer der Acker, die Wiese, der Wald und das Stallgebäude.
Unsere Lehrer/-innen sind die Pflanzen, die Tiere und die Menschen, die auf dem Bauernhof leben."

(Schule am Bauernhof;  Ländliches Fortbildungsinstitut OÖ)



 

Mir bidden Aktivitéiten fir kleng a grouss Kanner un (2-12 Joer) an och fir Erwuessener (Altersheimer).

 

Fir de Moment kënne Schoulklassen (C1-C4)Maisons RelaisCrèchen, Altersheimer oder Veräiner bei eis op den Haff kommen.

 

Schoulklassen hunn d'Méiglechkeet mëttwochs bei eis op den Haff ze kommen a live bei den Aarbechten derbäi ze sinn. 

 

Crèchen a Maison Relais kënne mir während de Schoulvakanzen bei eis um Haff begréissen, eventuel och mol op schulfräie Nomëtteger je no Disponibilität vun eisen Haffwiichtelecher.

 

Eis ass et wichteg, datt d'Kanner an och déi Grouss, sech erëm bewosst ginn, wou eis Liewensmëttel hierkommen an datt se Zougang zur Natur; zu den Déieren an zum Beruf Bauer kréien. 

Bei eis kënnt dir dat mat allen Sënner erfahren a mir freeën eis, Iech op eisem Haff begréissen ze kënnen.

 

Weider Informatiounen zu den Aktivitéiten fannt dir ënnert folgenden Linken:

Vun der Kou zum Botter: De Wee vun der Mëllech live entdecken

- Vum Kar bis zum Müsli/Brout

- 4 Joreszäiten um Haff erliewen

- Kannergebuertsdeeg

- Kanner erliewen den Haff: Mam Bauer duerch d'Joer

 

Mir freeën eis op Äre Besuch!

 

 

INFO

Fir d'Schouljoer 2019/2020 si mir méindes a mëttwochs fir Schoulklassen komplett ausgebucht.