Zanter 2006 hu mir eisen Betrib op Bio ëmgestallt an schaffen zanterhier no den Bio-Normen, wéi se vu Bio-Lëtzebuerg och virgesi sinn.
Eise Betrib ass en Aussiedlerhaff, deen a Direktioun Dippech-Holzem läit.
Den Haff läit an enger ganz roueger Géigend, ëmgi vu Weeden, Felder a Bësch.

Mir hunn op eisem Haff Mëllechvéih: Mëllechkéi an hier Nozuucht (Ranner a Kaalwer).
D'Mëllech vun eisem Betrib geet un d'Bio-Molkerei vun der BIOG (Bio-Baueren-Genosseschaft Lëtzebuerg) zu Käerjeng wou se da verschafft gëtt (Mëllech, Schokelasmëllech, Joghurt, Rahm a Glace).

Nieft den Déieren hu mir awer och Fruucht: Wees, Huewer, Ierbessen a Bounen, déi haaptsächlech als Fudder fir eis Kéi verschafft ginn.
Weidert Fudder fir eis Kéi gëtt a Form vu Kléi a Lupinien ugeplanzt, an da friessen si natiirlech och Gras.
Elo schonns kënnt Dir bei eis kafen:
Méi Informatiounen iwwert den Verkaf um Haff fannt Dir ënnert der entspriechender Rubrik.
Biohaff Witry
1, an der Sauer Aarbecht
L-4974 Dippech
Tel: +352 621 236 007