Eis Kaalwer


Eis Kaalwer liewen déi éisch 2-3 Wochen an engem Iglu. Sou gesi mir op si sech gudd entwëcklen an et vereinfacht eis och d'Fiddere mat der Mëllech. D'Källefcher kréien déi éischt Deeg ausschließlech d'Mëllech vun hierer Mamm, déi mir separat sträichen.

 

Duerno kommen d'Källefcher an de Kaalwerstall an hier "Spillgrupp". Hiere Lafstall ass mat Stréi agestreet a si hunn och Zougang zu engem klengen Auslaf.

Bis zum Alter vun ongeféier 4 Méint kréien si 2x den Dag nach Mëllech, hinnen steet awer och permanent Hee zu Verfügung a kréien zousätzlech moies an owes bessli Kraaftfudder (Mix aus Kären, Ierbesen a Bounen).

 

 

Mat ongeféier 6-8 Méint komme si dann vum Kaalwerstall an de grousse Stall. Hei hu si en ofgetrennten Deel vum Stall, wou si sech weiderhi fräi bewege kënnen.

 

 

Duerno wiesele si an de Grupp vun de Ranner.



Eis Ranner


Eis Ranner liewen vum Fréijoer, iwwert de Summer bis an den Heischt eran op der Weed. Reegelméisseg wiesele si d'Weed, sou dass si ëmmer iwwert genuch frëscht Gras verfügen.

Ass mol en Enkpass am Gras, bedéngt durch en ze vill drëschene Summer, fiddere mir hinnen Hee oder Silo bei.

Si kréien och reegelméisseg Kraaftfudder (Mix aus Kären, Ierbesen a Bounen) vun eis op d'Weed bruecht.

 

Sinn eis Ranner al genuch (ongeféier mat 2 Joër), kënnt eise Stéier bei si mat op d'Weed, fir fir den Nowues ze suergen. 

 

Am spéiten Hierscht kommen eis Ranner da ran an de Stall, wou si de Wanter verbrëngen. Am Stall kënne si sich frei bewegen an hunn och Zougang no baussen an hieren Auslaf, wou hinnen zousätzlech Liegeboxen zu Verfügung stinn.