Eis Mëllechkéi


Eis Mëllechkéi ginn zweemol am Dag gestrach. Am Duurchschnëtt gëtt eng Kou 25 Liter Mëllech den Dag.


Eis Mëllechkéi verbrëngen d'Fréijoer an de Summer op de Weeden ronderëm eisen Haff. Wann d'Wiederkonditiounen et erlaben kënne si och nach am Hierscht daagsiwwer op d'Weed goen. 
Am Wanter sinn sie dann haaptsächlich am Stall, engem Lafstall. Si kënne sech also fräi am Stall beweegen, iessen a schlofen ganz no hierem Rythmus.
Ass de Buedem am Wanter mol genuch gefruer a vläit och nach Schnéi op der Weed, dann dierfe si och dann op d'Weed goen.

Eis Kéi iessen ausschliesslech Fudder vun eisem Haff, vum Hee iwwert de Silo bis op d'Gemiels ass alles aus eegenem biologeschem Ubau. D'Gemiels ass hiert Kraaftfudder, wat aus gemuelenen Kären (Huewer, Kar a Weess), Bounen an Ierbessen zesummegesat ass.

Sie freeën sech awer och reegelméisseg iwwert Leckerlien: Muerten, Äppel a Biiren.