Eis Ieselen


D'Nahla an de Mo liewe mat bäi eis um Haff. Déi zwee Iesele gehéieren dem Fränzi, ee vun eisen Haffwiichtelecher. 

 

D'Nahla ass d'Mamm vum Mo. De Mo ass nach e richtege Geck a mëscht gären seng Dommheeten a bréngt jidereen un d'Laachen.

Béid fillen sech ganz wuel bei eis um Haff. Si kréie jo och gutt Fudder, hunn dat ganzt Joer iwwer Auslaf a kënnen sech an hirem gemittlechem Stall ënnerdaach stellen.

Un d'Kanner hunn d'Nahla an de Mo sech och séier gewinnt gehat. Si bréngen hinne jo och frëscht Hee a mëschten de Stall aus.

 

Nahla a Mo hunn och ganz séier nei Frëndschaften um Haff gemaach mat de Ranner an de Kéi.

 

Hir Meeschtesch, d'Fränzi, trainéiert vill mam Nahla a Mo a mëscht och eng Ausbildung an der déiergestëtzten Therapie fir herno mat hinnen an deem Beräich mat de Kanner um Haff am Kader vun der Ferme pédagogique ze schaffen.