Eis Hénger


Säit dem Summer 2019, liewen och puer Hénger bäi eis um Haff. De Moment sinn et zwou Koppelen:

- eng Koppel Maran

- eng Koppel Seidenhénger

 

Den Nugget, d'Chicca, d'Omlette an de Blanco hunn sech gutt agelieft, a freeën sech iwwert de Besuch vun de Gruppen, a besonnesch iwwert déi extra Portioun Mielwiirm, déi et da ginn. 

 

Déi zwee Hunne weisen de Kanner och gären hir kräfteg Stëmm.

 

Si liewe gutt geschützt virun hire Feinden, a kënnen de ganzen Dag picken, schären, raschten, bueden, schaukelen, ...

 

D'Hénger sinn natierlech och mat op der Ferme pédagogique, d'Kanner kënnen hinnen nokucken, se fidderen, probéieren hinnen aus der Hand z'Iessen ze ginn, an entdecke wéi sou Hénger liewen a wéi aus dem Ee e Jippelche gëtt.