Eis Kéi


Op eisem Haff hu mir Holstein a Flechvéih Kéi. 


An eisem Trupp liewen 42 Mëllechkéi, 34 Ranner, 23 Kaalwer an ee Stéier.
D'Källefcher, Ranner a Mëllechkéi hun ëmmer hieren eegenen Stall.
D'Källefcher sinn déi éischt zwou Wochen an engem Iglu, kommen duerno an e gemeinsamen Stall, dee mat Stréih ausgeluecht ass. Hei hu sie och d'Méiglechkeet vun enger Terrasse ze profitéieren an frësch Loft ze schnupperen. De Stall ass an zwee Deeler gedeelt.
Mat 8-10 Méint wiesselen sie dann an de Stall vun de jonke Ranner. Hei hu sie och permanent d'Méiglechkeet vun engem Auslaf ze profitéieren. Op hierem Auslaf hu sie och iwwerdeckte Liegeboxen, déi mat Mulch ausgeluecht sinn. Déi Liegeboxen sinn gäere vun hinnen beluecht.
Mat 2 Joer kommen sie dann bei d'Ranner, dee Stalldeel ass an eisem Lafstall. Am Fréijoer kommen d'Ranner, soubal d'Wieder et erlaabt, op d'Weeden. Hei verbrëngen sie dann d'Fréijoer an de Summer an der frëscher Loft. Am spéiden Hierscht kommen sie dann rëm zrëck an de Stall.
Mat ongeféier 30 Méint kritt d'Rand (Källwin) dat éischt Källefchen a gëtt sou zu Mëllechkou. Ab dann liewt sie am Trupp vun eise Mëllechkéi, déi am Fréijoer a Summer natiirlech och op d'Weede ginn, an awer zweemol am Dag (moies an owes) an de Stall geholl ginn fir gestrach ze ginn.
Taro a Sambucca
Taro a Sambucca
Phoebe
Phoebe
Krummi, Gina, Tallory, Siewenafoffzeg
Krummi, Gina, Tallory, Siewenafoffzeg