· 

Kuebe loossen sech eis Bio-Mäiskäre gutt schmaachen


Dëst Joer hate mir erëm geplangt Mais unzeplanzen, fir eis Fudderreserven opzestocken.

Leider hunn d'Kueben eis awer op engem Feld vu 4 ha all eenzele Maiskär erausgepickt. Geschéckt hunn si un all klenge Keimling gezu fir sou un de Kär ze kommen. Iwwreg war fir eis nëmmen nach e gelächert Feld an e gutt bezuelten Iessen fir d'Kueben, déi sech och net vu Vulleschäichen a Co stéiere gelooss hunn. Mat Momenter souzen eng 200 Kueben um Feld sech sat z'iessen.

D'Bio-Maiskäre schmaachen de Kueben besonnesch gutt, well déi NET mat enger gëfteger Substanz gebeetzt sinn.

 

Fir de Fudderausfall fir eisen Haff ze kompenséieren, hu mir elo nach séier eng Mëschung Gras-Huewer-Kléi-Wann geséit. Allerdéngs wäert déi Mëschung eis net déi Quantitéit u Fudder bréngen, wéi de Mais et gemaach hätt.

Och elo ginn d'Kueben nach ëmmer d'Keimlinge vum Gras/Kléi/Huewer aus dem Buedem zéien, an der Hoffnung, dass awer nach e Maiskär ze fannen ass.

 



Kommentar schreiben

Kommentare: 0