· 

Schoulklassen um Haff 2019/2020


Dir wëllt mat ärer Schoulklass (C1-C4) bei eis op den Haff kommen? Mat äre Kanner e Biomëllech-Betrib mat alle Sënner erliewen an entdecken? Dir wëllt eng Visite oder souguer 4 Visite passend zu de 4 Joreszäiten?

Da kënnt dir iech ab elo fir d'Schouljoer 2019/2020 umellen. Weider Detailer fannt dir ënnert www.biohaff-witry.lu/ferme-pédagogique-muhlti-kuhlti/.

Hei kënnt dir iech déi verschidden Themen ukucken. Hutt dir nach eng Fro, dann zéckt net eis ze mailen oder unzeruffen.

 

Mir freeën eis iech mat äre Klassen um haff begréissen ze kënnen.



Kommentar schreiben

Kommentare: 0